Monday, 19 February 2018

Stater Budget 2018 – weiderhin eng Politik fir déi Räich an d’Promoteuren

Op hirer Pressekonferenz  vum 2. Februar hunn déi Lénk Stad Stellung bezunn iwwert de Budget 2018 vun der Stad Lëtzebuerg an de Finanzplang fir d’Joren 2018-2021.

Den David Wagner an de Joël Delvaux, Gemengeréit vun déi Lénk am Stater Conseil, an d’Nathalie Oberweis an de Guy Foetz, Vertrieder vun déi Lénk an der Sozial-, respektiv an der Finanzkommissioun, hunn d’Ausriichtung vum deem neien DP-CSV-Schäfferot senger Budgetspolitik schaarf kritiséiert.Si hu besonnesch de Manktem an der Wunnengspolitik, der Sozialpolitik an der Schoulpolitik ervirgehuewen an d’Géigepropositioune vun déi Lénk presentéiert. Si hu festgestallt, dass déi rezent Walversprieche vun DP an CSV, besonnesch dat, d’Wunnengsnout ze bekämpfen, nëmmen eidel Wierder waren an dass an der Stad Lëtzebuerg weiderhin eng Politik am Déngscht vun deene Räichen an de Promoteure gemaach gëtt.

(-) De Film iwwert déi Pressekonferenz fannt der op der Adress  https://youtu.be/ap-TO08pxv8

(-) E Reportage iwwert d’Pressekonferenz fannt der bei : https://moien.lu/stad-letzebuerg-kritesche-budget/

(-) En Artikel op rtl.lu kënnt der iech hei ukucken: http://5minutes.rtl.lu/grande-region/luxembourg/1129990.html

Les autres sections

Photos

no images were found

Plus >